Fir d’Aarbechtsrechter vun haut gouf haart gekämpft. Do wou d’Chambre des salariés hikomme wëll, si mir haut awer nach net ukomm.
Firwat brauche mir Gewerkschaften? Wéi eng Aarbechtsrechter konnt een sech an der Vergaangenheet erkämpfen? An wéi kollaboréieren d’Gewerkschaften an d’Chambre des Salariés zesummen? All déi Froe si virun allem an der haiteger Zäit, wou d’Tripartite ëmmer nees duerch d’Streidegkeeten an d’Opmierksamkeet geréit, wichteg.
Genee dat beschwätze mir an dëser Episod mam Nora Back, Presidentin vun der Chambre des salariés, a mam Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
--------
20:58
--------
20:58
New Work #22 - Panorama social 2025
Ee Mol am Joer mécht d’Chambre des salariés de Point iwwert déi sozial Situatioun zu Lëtzebuerg.
Wéi eng Inegalitéiten existéieren a gi méi grouss? Ween ass vun Aarmut betraff a virun allem firwat? An wat kann d’Politik maachen, fir de soziale Panorama zu Lëtzebuerg opzebesseren? All dat gräifen déi Responsabel fir de Panorama Social vun der CSL op a sichen no Léisungen.
Festgehale gëtt all dëst an engem Dokument, wat der Politik an dem grousse Public fir näischt zur Verfügung steet. Wéi dëse Panorama Social zustane kënnt, wat d’Erkenntnisser zum Panorama 2025 sinn a wat mir dorausser kënne léieren…
Doriwwer an iwwer villes méi schwätze mir mam Nathalie Georges an dem Félix Martins, alle béid Conseillere bei der Chambre des salariés.
--------
15:40
--------
15:40
New Work #21 - D'Weiderbildung am Erwuessenenalter
Et ass een ni ze al, fir nei Saachen ze léieren.
Fir sech weider ze bilden an een neien Diplom ofzeschléissen och net.
Vun enger Beruffsausbildung, wéi den DAP bis de Master, kann een Diplomer an divers Zertifikaen och nach wärend senger Carrière maachen. D'Chambre de salariés setzt sech dofir an, dass all Mënsch d'Méiglechkeet kritt, sech ze qualifizéieren. Iwwerdeems bidden si och selwer Formatiounen iwwert de Lifelong Learning Center un a beräicheren esou d'Panoplie vun der Offer hei am Land.
Doriwwer an iwwer villes méi schwätze mir mam Jeannine Kohn, Conseillère an der Direktioun vun der CSL.
--------
21:30
--------
21:30
New Work #20 - Wéi de Klimawandel d'Aarbecht verännert a wat dogéint gemaach gëtt
De Klimawandel ass kengem méi ee frieme Begrëff.
Domat setzt een oft extreem Wiederen an de Verloscht vun der Biodiversitéit a Verbindung. Schonn haut si mir a Lëtzebuerg vun de Konsequenze betraff – an domadder och eis Aarbechtsplazen.
Ma wéi eng Mesurë musse geholl ginn, fir deem entgéint ze wierken? D'Chambre des salariés bereet, zesumme mam Mouvement écologique (MECO), ee Plan social fir de Klima vir. Doriwwer an iwwer villes méi a punkto Klimawandel beschwätze mir an dëser Episod mam David Büchel an dem Claude Roeltgen, alle béid Conseiller bei der CSL, an dem Blanche Weber, Präsidentin vum MECO.
--------
20:58
--------
20:58
New Work #19 - Wuelbefannen an atypesch Aarbechtszäiten
Work-Life Balance ass een Term, deen een net méi ëmgoe kann.
Ëmmer méi gëtt iwwert d’Wuelbefanne vun de Salarié*een op der Aarbecht geschwat – an d'Chambre des salariés mécht all Joers an deem Kontext eng gréisser Enquête.
Wéi huet d’Covid-Pandemie d’Wuelbefanne vun de Salarié*eë gepräägt? Wat beaflosst de Bien-être positiv – a wat negativ? Kann een den Impakt vun atypeschen Aarbechtszäite moossen? A si Léisungsusätz, wéi d’Véier-Deeg-Schaffwoch, wierklech erwënscht? Genee dës Froe beäntweren den David Büchel, Aarbechtspsycholog bei der Chambre des salariés, an d'Nathalie Moschetti, Juristin bei der CSL, an dëser Episod.
Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen sech ze veränneren. D'Pandemie huet dat nach emol acceleréiert. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Geforen? Dorëms geet et am Podcast "New Work", eng Kollaboratioun tëscht der Chambre des salariés an dem Lëtzebuerger Journal.